Nei Tricot'en fir d'Bambinis vum FCJ Jonglënster

Beim Geleegenheet vum éischten Mätch vun de Bambinis an der Réckronn hun d'Mme Nadine Gillen an den Här Erny Wewer vun Voyages Wewer vun Eschweiler de jonke Futtballisten nei Trikot'en iwwerreecht. Si hun denen begeeschterten Borschten vill Succès fir di kommend Mätcher gewënscht. A Präsenz vum President vum FCJJ , dem Claude Kremer, huet de Nico Schintgen vun der Jugendkommissioun Merci gesoot fir dee sympateschen Geste an den Traineren Jörg Theis a Gilles Baum félicitéiert fir hiren Asaz bei der Kanner.