Raiffeisen Cup 2012: Lënster bei de Poussins, RM Hamm bei de Minimes

Herrlecht Summerwieder, frëndschaftlech Ambiance a flotten Fussball : daat waren d'Komponenten vum 1.Mee Tournoi vum FCJ Jonglënster.
No engem Elefmeterschéissen an der Halleffinall an an der Finall ( Goler vum Erwin, Alan, Nuno) huet d'Poussins Ekipp vum Lënster Trainer Jean Rech sech bei de Poussins géint Echternach duerchgesaat.
Den Tournoi vun de Minimes war och besaat mat der U15 Nationalekipp vun de Meedecher, déi d'Bouwen méi wi eng Kéier un d'Schweessen kritt hun. An dëser Kategorie gouf et eng gellëg Gala un Elefmeterschéissen, iir den RH Hamm Benfica sech géint Grevenmacher duerchgesaat huet.
Et war dem Här Gilles Dimmer, Gérant vun der Raiffeisen zu Jonglënster, e Pleséier fir d'Coupe un de Gëwenner z'iwwerreechen.
Duech den Asaz vun den Elteren vun de Spiller an de Memberen vun der Jugendkommissioun ronderem de Nico Schintgen war et net nemmen e flotten Dag, mee en erfollegraicht Fussballsfest.
Weider geet et en Donneschdeg, den 17.Mee mam Tournoi fir Pupilles an Bambinis.