Turbulente Galaconcert vun der Lënster Musek

E Samschdeg huet d'Lënster Musek hire sechsten "Turbulente Galaconcert" ënnert der Leedung vum René Lelong gespillt, dës Kéier ënnert dem Motto "Comedy". Solistin war d'Carine Marmann. Fir d'Salz an der Zopp hunn de Beatboxer Jeff Deischter, de Stëmmenimitator Harry Borgner an d'Music-Comedy-Show mat de "Monsieur Malheur & Anne" gesuergt. Fir d'Konzept vum Owend war erëm eng Kéier de Marc Wilmes zpustänneg. (dd)