Aweihung vun der restauréierter Dampmaschinn

E Mëttwoch den 11. Dezember war et endlech esou wait. Di formidabel restauréiert Heinrich-Lanz-Dampmaschinn vun 1899 huet hier Plaz am Brennereimüsee found a gouf feierlech agewait. Ronn 2000 Stonnen hu Fraiwelleger vun de "Frënn vum Brennereimüsee" dru geschafft fir se pikobello an d'Rei ze setzen. Eng al Scheier um Site vum Müsee gouf restauréiert an aménagéiert fir se do ënner Daach ze bréngen.
De Prësident vun de "Frënn vum Brennereimüsee" Félix Eischen konnt eng Hellewull Gäscht op der Aweihung begréissen. Hien huet di formidabel Aarbecht vun der ganzer Equipe, di sech em d'Restauréierung gekëmmert huet, mat de passende Wieder gewierdegt. An engem klengen Historique as de Vize-Prësident Joël Adam nach emol drop agaangen, wéi et derzou koum, dass daat exceptionnelt Stéck vu Raichel op Kielen geplënnert gouf.
Am Numm vun der Gemeng huet de Buergermeeschter Aloyse Paulus der ganzer Equipe vun de Frënn vum Brennereimüsee felicitéiert fir daat wat si erem geleecht hun.
Agewait gouf d'Maschinn mat enger gudder Kielener Mirabellendrëpp....an dunn as se ugelaf ënnert dem Aplaus vun den iwwer 100 Invitéeën.
Fir de musikaleschen Encadrement huet d'Equipe vum Therakulix gesuergt mat mëttelalterlechen Kläng an zwee Feierspaizerten.
Zum Schluss huet de Prësident vun der Kulturkommissioun Guy Scholtes op den Éire(glüh)wain invitéiert, dee bei deem fiichtkale Wieder extra gudd bekomm as. E Samsdeg de 14. Dezember leeft d'Dampmaschinn dann fir all intresséiert Lait am Kader vum 10. distiArt Brennereifest.