Eng Heinrich-Lanz-Dampmaschinn vun 1899 fir de Brennereimüsee

Et war Ufank Februar 2012 op engem Samsdeg Mueren. Den Thermometer huet dobaussen -12°C ugewisen. D'Preparatiounen waren an den Deeg virdru geholl gin a RDV war um 9 Auer zu Raichel op der Haaptkraizung fir eriwwer op Réiden. Eng gudd Dosen "Frënn" vum Brennereimüsee hu sech getraff fir unzerappen. An de Wochen virdun war eis zu Oure komm, dass an engem Gebai, enger fréierer Brennerei, zu Raichel nach eng aal Dampmaschinn mat Brennereianlag géif stouën. Nodeems mer mat dem neie Propriétaire, engem Entreprenner dee geplangt huet d'Gebai afzerappen, eens gi waren, fir d'Dampmaschinn fir op Kielen an de Brennereimüsee ze kafen, gouf alles an d'Weeër geleet, fir d'ganz Installatioun auszebauen an op Kielen ze plënneren.
Bei aisegen Temperaturen mee gudder Stemmung gouf attaquéiert, Leitungen duerchgeschnidden, gehummert, gebuert a lassgeschraut. Éicht Deeler si schon no kuerzer Zait eraus gedro gin. Dass d'Dampmaschinn nit duerch d'Dier géif passen, war vun Ufank u gewousst. Dofir war ee Bagger am Virfeld organiséiert gin. Um 11 Auer waren all d'Preparatioune getraff, fir unzefänken de Giewel anzerappen. Eng ganz delikat Aarbecht wou vill Fangerspëtzegefill vum Baggerführer verlaangt war, well d'Maschinn just nieft deem Giewel plazéiert war. Zwëschenduerch huet d'Equipe sech mat enger Taass Kaffi an enger Drëpp gewiermt. Fir Mettegiessen haten eis Dammen eng däffteg Lënsenzopp preparéiert.
Kuerz no 1 Auer hung d'Dampmaschinn an der Baggerschëpp an as um Kamion verluede gin. Ee weidert flott Stéck, eng Koarmaischbidden, di um Plafong installéiert war, gouf zum Schluss nach afgebaut. Um 15 Auer war d'Geschier erem ageraumt an alles opgelueden.
Dunn as et op Kielen gaang, an den Atelier, dee mer zu Verfüjung gestallt kruten, fir d'Maschinn ze restauréieren. Mission accomplie um 16 Auer. D'Maschinn war gudd ukomm!
Duerno as d'Restauréierung an Ugrëff geholl gin. Eng Equipe vu 6-7 Lait huet sech regelméisseg Méindes getraff fir drun ze schaffen. Ennerstëtzt gouf d'Equipe vun de Kollegen vum Train 1900 aus dem Fonds de gras.
Nodeems alles vuneneen louch, hätt ee kéinte mengen, di Maschinn kréich ni méi een zesumme gebaut....Stécker hu mussen ersaat gin, et huet musse geschweesst gin, Stecker bestallt gin, Stécker op der Dréibänk nogemeet gin asw.
Elo, no bal zwee Joer an Honnerten vu Stonnen Aarbecht as d'Dampmaschinn an d'Brennereianlag erem bal wi nei. A virun allem, d'Dampmaschinn leeft erem!
Eng formidable Equipe vu "Frënn" vum Brennereimüsee mat der Ënnerstëtzung vun de Kollegen vum Train 1900 hun excellent Aarbecht geleecht an de Kielener Brennereimüsee as em ee ganz besonnescht Ausstellungsstéck mi raich.