D'Brennereifest 2011 war ee "Grand Premier Cru"

Leschte Saameschdeg haten d'Frënn vum Brennereimüsee op di 8. Editioun vun hierem Brennereifest mat Maart vu lokale Produkter invitéiert. Ganz vill Lait hun sech den Dag iwwer afonnt fir den zwéi Brenner Félix Eischen a Robert Adam bei der Aarbecht nozekuken. De Kanneratelier an der Scheier mam Artiste Michel Fourny war absolut gelongen. Fir di Hongreg an di Duuschtereg gouf et vun allem. D'Demonstratiounen vun den Nouspelter Leemtriwweler an dem Kounschschmatt hun d'Lait beggechtert. D'Kielener Musék an de Michel Winter hu fir di musékalesch Animatioun gesuergt. D'Hausmaacher Judd, Zoossiss, Paté. Jelli asw hun sech verkaft wéi waarem Mëtschen. Géint der Owend haten di meechten Stänn ausverkaft an hun hier Diere musse fréizaiteg zoumaachen. RDV fir di 9. Editioun as de 15. Dezember 2012. Fotoën Raymond Faber.