D'CSV-Hunnefest zu Kéinzig ass geroden

E Sonndeg, den 11. September 2011 hate mir eist traditionellt CSV-Hunnefest zu Kéinzig. De Jang Kolbusch huet déi vill Gäscht aus eiser an den Nopeschgemengen, an dorënner eng ganz Rëtsch Prominenz, begréisst, déi trotz dem Schloreen de Wee an dem Schani seng Scheier fonnt haten.
Haapthema vum Jang senger Ried war natierlech d'Gemengewale vum 9. Oktober.
Hien huet d'Leit nach eng Kéier drop opmierksam gemeet, datt d'Bierger vun der Gemeng Kéinzig dëst Joer fir d'éischt nom Proporzsystem ze wielen hunn. All clevere Bierger misst de Punkt iwwert der Lëscht 2 schwäerzen. Domat géif déi Aarbecht, déi eis CSV-Schäffen a Gemengeréit an där kuerzer Zäit, zënter si „um Rudder“ sinn, opweises hunn, och no der Fusioun, am selwechte Sënn, an zwar zum Wuel vun all eise Bierger, virugefouert ginn. An dat am Idealfall mat engem Michel Wolter als Buergermeeschter.
Nom 1. Schäffe senger Ried kruten dunn eis hongreg (an duuschtereg) Gäscht Frällen, Entrecôten, Koteletten, allerhand Wipp an duerno e gudden Eisekuch zervéiert. Fir owes hate mir, wéi ëmmer, eng extra Schlabäizchen op der Kaart: Féngiger Spigeleeër mat gebrode Féngiger Gromperen. D'Leit lecken sech elo nach d'Fangeren drun.
Kuckt och eis Billerstreck!