Neijooschpatt vun der CSV Kéinzig-Féngig

E Freideg, de 7. Januar, hat déi lokal CSV-Sektioun d'Kéinziger an d'Féngiger Awunner op hiren traditionellen Neijooschpatt invitéiert. Nobäi 70 Leit konnt d'Sektiounspresidentin Marthe Haupert-Mausen am Kéinziger Festsall begréissen a jidderengem e schéint neit Jeerche wënschen. Wéi all Joer haten sech och eng Rëtsch Parteifrënn aus den Nopeschgemengen an Deputéierter aus dem Süden afonnt. D'Bezierkspresidentin Sylvie Andrich-Duval huet aktuell Themen ugeschnidden an der Sektioun vill Erfolleg bei de Komplementarwalen am Mäerz an och bei de Gemengewalen am Oktober gewënscht. Bei engem gudde Patt an engem klenge Maufel gouf et nach e laange gesellegen Owend.