Kiermes-Apéritif bei der CSV Kéinzig/Féngig

Kiermessonndeg no der Mass – an dëst Joer no der Zeremoni um Nationale Commemoratiounsdag – huet d'CSV Kéinzig/Féngig den Awunner aus der Gemeng e gudde Pättche Fiederwäissen offréiert. Selbstverständlech sinn och déi Käerjenger Parteifrënn um Rendez-vous gewiescht. Mat virop dem Député-maire Michel Wolter, deen op en Neits zum Ausdrock bruecht huet, wéi staark hien ëm d'Wuel vun de Kéinziger a Féngiger Bierger besuergt ass. Haaptgespréichsthema waren um Kiermesapero natierlech d'Gemengewahle vum nächste Sonndeg. Jiddereen, dorënner och Virwëtzeger aus anere Parteien, krute vun den CSV-Kandidaten op all Fro eng kloer Äntwert.