D’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg esou lieweg an aktiv wéi zënter 1938

Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL)
No enger Gedenkminutt fir de Benni Schmit, deen ugaangs Februar gestuerwen ass, gouf de Bilan vun engem aarbechtsräiche Joer gezunn: 12 Concert-ën, d’Sprangprëssëssioun zu Iechternach, 39 Prouwen. De Comité war 8 Mol zesummen.

D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si méi wéi gudd.
Net nëmmen den Dirigent R. Kraus weist sech erfreet iwwert déi regelméisseg gudd besichte Prouwen all Woch. Fir äifrege Prouwebesuch iwwerreecht de President R. Mahnen dem Rosa Moreira, dem Vic. Kolb, dem Jenni Boettel, dem Irène Goergen an dem Guy Schmit eng kleng Unerkennung.
Am Comité ginn d’Mandater vu Raymond Mahnen (President), Jenni Boettel a Guy Schmit (Membrën) erneiert. D’Monique Simon gëtt per Acclamatioun an eestëmmeg an de Comité gewielt. De Comité setzt sech elo zesummen aus: Raymond Mahnen (President), Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier), Jenni Boettel, Monique Buchholtz, Romain Kraus, Guy Schmit a Monique Simon (Membren).
No engem Ausbléck op d’Termäiner vun 2015 (Concert-ën zu Réimech, am Fleegeheem “Op Lamp” zu Waasserbëllig, am CIPA Geenzebléi zu Woltz, am Haaptmann’s Schlass zu Berbuerg, bei der Sprangprëssëssioun zu Iechternach an am Tramsschapp um Lamperbierg bei der Journée nationale de l’accordéon, déi d’SMAL dëst Joer organiséiert), goung nach rieds vun enger Neifassung vun de Veräinsstatuten, déi an enger neier AG gestëmmt an duerno publizéiert ginn.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.