En häerzleche Wëllkomm fir eis nei 7e Schüler am LRSL

No der grousser Vakanz hu sech de Moien eis nei 7e Schüler mat hiren Elteren fir déi éischte Kéier am Festsall vum Lycée Robert-Schuman afonnt, wou si vun der Directrice, der Madame Remakel an de Régenten empfaang goufen. No enger kuerzer Begréissung huet d’ Directrice hinnen de Schoulalldag virgestallt. Duerno hunn d’ Schüler hir nei Klassekomeroden kenne geleiert an zesummen mat de Régenten eng Visite duerch d’ Gebai gemaach. Géint 10 Auer sinn d’ Parrainen aus dem Uewergrad komm fir hir 7e Schüler kennen ze léieren an hinnen ze hëllefen fir sech bei eis am LRSL gutt anzeliewen. Mir wënschen hinnen eng schéi Rentrée an eng flott an erfollegräich Zäit bei eis am Lycée.