En Nomëtteg am Zeeche vum Accordeon ënnert dem Motto “Musek ass Tromp”.

Ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stad Lëtzebuerg war e Sonndeg, 8. November am Alen Tramsschapp d’Journée Nationale de l’Accordéon, dëst Joer organiséiert vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg.
Nodeems de President Raymond Mahnen d’Éiregäscht begréisst an dem Publikum e flotten Nomëtteg gewënscht huet, war et un der Société Municipale “Les Amis de l’Accordéon” vun Esch/Uelzecht fir ë. A. mat russesche Volleksmelodien a mat Klezmer-Musek Stëmmung ze maachen.
Duerno hunn d’Brëtellspianiste vun Angelduerf mat engem Potpourri un de Peter Alexander erënnert, an den James Bond mat senge villen Aventurë gefeiert.
Um Enn war et un der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg, dem eelsten Orchester am Land, deen et zënter 1938 gëtt, fir hire Bäitrag ze leeschten. No “Happy Luxembourg” gouf et eng Parti bekannte Walzer an “Eine Reise ins Glück”. Mat 3 Chansons vum Edith Piaf huet d’SMAL drun erënnert, datt den 19.12. dëst Joer dem Spatz vu Paräis säin 100. Gebuertsdag wir. Den Titel “Happy Marching Band” huet e schmëssege Schlusspunkt gesat.
De Raymond Peters vun der UGDA war begeeschtert dervun, wéi déi 3 Accordeons-Formatiounen gewisen hunn, datt den Accordeon en Instrument ass mat ville Méiglechkeeten, déi iwwert déi reng Kiermesmusek eraus geet.
Den 3 Dirigenten huet de Raymond Mahnen e schéine Bouquet iwwerreecht fir hinne Merci ze soen.
Ganz um Enn hunn d’MusikantInne vun allen 3 Formatiounen den Titel “Musik ist Trumpf” (Titelmelodie vun der TV-Emissioun op der däitscher Télé) zesumme gespillt. De Public huet och des Prestatioun begeeschtert applaudéiert.
Fir den Nomëtteg ofzeschléissen huet d’Stad Lëtzebuerg den Éirewäin spendéiert.

www.accordeon.lu