Generalversammlung bei der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL)

An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op déi vill Activitéiten d’lescht Joer zréck gekuckt: 36 Prouwen, 13 Concert-ën uechter d’Land, d’Sprangprëssëssioun zu Iechternach an de 85. Gebuertsdag vum President Raymond Mahnen.
1938 vum Albert Moes gegrënnt, huet eise Veräin seng 75 Joer ee ganze Sonndeg laang am Alen Tramsschapp um Lamperbierg gefeiert. Fir d’Geleeënheet vun desem Jubiläum huet de Comité nei Uniformshiemer a -blousen ugeschaaft, d’Monique an de Fernand Buchholtz-Feitler hunn d’Cravattë fir d’Hären an d’Schale fir d’Damme gestëft.
Net vergiess sinn déi verstuerwen Aktiver an Éiremembren aus deene 75 Joer. Mat enger Gedenkminutt gi si gëéiert.
De President R. Mahnen felicitéiert d’Musikanten/-inne fir hire Succès bei alle Concert-ën a seet hinnen all Merci fir déi geleeschten Aarbecht.
Den Dirigent R. Kraus weist sech erfreet iwwert déi regelméisseg gudd besichte Prouwen all Woch. Fir di meescht Presenzen d’läscht Joer kruten de Claude Seiler, d’Rosa Pinto an de Guy Schmit eng kleng Unerkennung.
Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass ganz gesond, d’Keess gouf exemplaresch gefouert.
Am Comité ginn d’Mandater vu Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier) a Monique Buchholtz-Feitler (Member) erneiert. De Comité setzt sech elo zesummen aus: Raymond Mahnen (President), Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier), Jenni Boettel, Monique Buchholtz, Romain Kraus a Guy Schmit (Membren).
Fir d’Joer 2014 huet d’SMAL eng Parti Engagementer am Agenda stoen: Concert-ën zu Munneref, Ettelbréck, Zéisséng, Diddeléng a Réimech, am CIPA Gréngewald zu Nidderaanven, am Haaptmann’s Schlass zu Berbuerg, bei der Sprangprëssëssioun zu Iechternach an zu Esch/Uelzecht bei der Journée nationale de l’accordéon.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden.
Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.