Scheckiwwerreechung vum LRSL un d’Fondatioun Wonschstär

Et ass schonn bal zur Traditioun am LRSL ginn: de Bénéfice vum LRSL Wantermaart, deen all Joer um Enn vum 1. Trimester organiséiert gëtt, geet och dëst Joer un d’Fondatioun Wonschstär. De Montant vun 3500 € gëtt vun hinnen integral op d’Acquisitioun vun engem Exoskelett gesat. Dësen Apparat hëlleft gelähmten Leit, mee awer och Leit, déi un Parkinson erkrankt sinn oder en ACV erlidden hunn, erëm ze goen. Zesumme mat hire Professeren hunn all Klassen duerch Kachen & Brachen, Bastelen & Schaffen den 17. Dezember hir Produiten der Schoul Communautéit an den Elteren ugebueden. E grousse Merci vun der Direktioun un si alleguer.