SMAL - 75 Joer-Feier vun der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

E Sonndeg, de 16. Juni 2013 huet d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL) e ganzen Dag hire 75. Gebuertsdag am Centre culturel “Alen Tramsschapp” um Lamperbierg gefeiert. Deen denkwürdegen Dag stoung ënnert dem Patronage vun der UGDA an der VDL. Vum Här Louis Karmeyer, President vun der UGDA, koumen d’Félicitatioune vum Museksverband, an deem d’SMAL zënter 1940 affiliéiert ass. Den Éirewäin war gestëft vun der Stad Lëtzebuerg,

Beim Aperitif koum de musikaleschen Encadrement vum Akkordeon-Orchester Menningen-Minden (D) ënnert der Leedung vum Eric Thünemann. Mat deser Formatioun bedreift d’SMAL zënter Joren eng intensiv Zesummenaarbecht: Péngschtdënschdes verstäerken déi Menninger Accordeonisten eise Grupp an der Sprangprëssëssiun; fir grouss Fester zu Menningen/Minden gëtt d’SMAL ëmmer gäre fir e Concert invitéiert.

Am Nomëtteg war et dann un de Musikante vum Akkordeonspielring Pfalzgrafenweiler (D), fir mat hirem Dirigent Waldemar Scheliga hiirt Kënnen ënner Beweis ze stellen. Pfalzgrafenweiler ass eng Uertschaft am Schwarzwald, ca. 15 Kilometer vu Freudenstadt ewech. D’Monique Buchholtz huet a senger Presentatioun un de Félix Hausemer erënnert, dee viru méi wéi 25 Joer, an der Vakanz zu Freudenstadt, Bekanntschaft mat der Madame Maria Jehl, zu där Zäit Dirigentin vum Freudenstädter Accordeonsorchester, gemaach huet. Fir de 50-enaire vun der SMAL 1988 war desen Orchester fir e Weekend op Besuch an der Stad an huet do 2 Concert-ë ginn. D’Joer drop, an 2006 nach eng Kéier, war d’SMAL zu Gaascht zu Freudenstadt. Zënter de Freudenstädter Orchester sech opgeléist huet, spillen e puer vu sengen Accordeoniste beim Akkordeonspielring zu Pfalzgrafenweiler.

E Bouquet vun hire schéinste Lidder (national an international) huet d’Chorale Ste Cécile vu Biissen gesongen. De Félix Hausemer, fréieren Dirigent vun der SMAL, war während 25 Joer Dirigent vum Biisser Gesank. Hie war de Vermëttler fir e puer Optrëtter, bei deenen d’SMAL de Chouer begleet huet. Haut dirigéiert den Antonio Grosu de Biisser geeschtlechen a weltleche Chouer.

Den Ofschloss vum Dag war de “Concert d’honneur” offréiert vun der UGDA mat der Société Municipale “Les Amis de l’Accordéon” Esch-sur-Alzette an hiren Dirigent Daniel Pagliarini. Mat den Escher Kollege verbënnt d’SMAL zënter Joren eng frëndschaftlech Kollegialitéit, net eleng duerch d’Journée nationale de l’accordéon, déi all Joer am November vun enger vun deene 4 Accordeons-Formatiounen am Land organiséiert gëtt.

Weider Informatiounen iwwert d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg an hir Aktivitéite sinn op der Adress www.accordeon.lu disponibel.