SMAL - De 16.06.13 gëtt de 75. Gebuertsdag gefeiert ! Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op dat lescht Joer zréck gekuckt : 43 Prouwen, 10 Concert-ën uechter d’Land, Sprangprëssëssioun zu Iechternach a Participatioun bei der « Journée de l’Accordéon ». Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass gesond ; d’Keess gouf exemplaresch gefouert.
De President felicitéiert d’Accordeoniste fir hir gelonge Prestatioun bei der “Journée Nationale de l’Accordéon” zu Gasperech a weist sech erfreet iwwert di geleeschten Aarbecht all Woch an de regelméisseg gudd besichte Prouwen. Fir di meescht Presenzen d’läscht Joer kruten de Claude Seiler, d’Rosa Pinto an d’Irène Goergen eng kleng Unerkennung.
Am Comité ginn d’Mandater vum Raymond Mahnen (President) a Guy Schmit (Member) erneiert, mam Jenni Boettel ass dat 7. Mandat, dat zënter Joren fräi war, nees besat. De Comité setzt sech elo zesummen aus : Raymond Mahnen (President), Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier), Jenni Boettel, Monique Buchholtz, Romain Kraus a Guy Schmit (Membren).
Fir d’Joer 2013 huet d’SMAL eng Parti Engagementer am Agenda stoen: Concert-ën uechter d’Land an d’Sprangprëssëssioun zu Iechternach. Ee markante Rendez-vous sief elo scho signaléiert: Sonndes, de 16. Juni 2013 feiert eisen Orchester, deen 1938 vum Albert Moes gegrënnt gouf, seng 75 Joer als “Société municipale des accordéonistes de Luxembourg” am Alen Tramsschapp um Lamperbierg. Fir des Geleeënheet sinn national an international Akkordeons-Orchestren invitéiert.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet bekannte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.