Voyage scientifique 2019 vum LRSL

E Méindeg, de 06.Mee 2019 huet et erëm fréi Opstoen geheescht fir Schüler vun den 2ième B an C an Treffpunkt um 07.00 Auer beim Lycée Robert-Schuman fir op den Voyage scientifique. No zwou Stonnen Busfaart koumen si dann zu Oochen un wou si a Gruppen un zwee verschiddene Workshops iwwer Mathematik an Informatik konnten deelhuelen. Hei hu si op eng praktesch Aart an Weis geléiert, wéi een GPS funktionéiert an wéi een kleng Mikrokontroller kann selwer programméieren. Owends war en Treffen mat enger ganzer Partie ancien-Schüler aus dem LRSL fir sech iwwert d'Unis Liewen zu Oochen auszetauschen.

Den nächsten Dag goung et op Köln fir eng Visite vum DLR (Deutsches Zentrum für Raum und Luftfahrt). Hei ginn ënnert anerem d’ Astronauten vun der ESA ausgebilt an fir Missiounen op déi international Weltraumstatioun ISS preparéiert. Weider goung et Richtung Holland op Utrecht wou si d’ Universitéit mat hire Studiegäng a besonnesch de CPS (College of Pharmaceutical Sciences) virgestallt kruten.

Mëttwoch goung et mam Schëff op d' Insel Texel wou eng Excursioun an Wattemier ustoung.

Den 2.Dag op der Insel sinn si mam Vëlo zu den eenzegaartegen Salzwisen „Slufter“ gefuer an hunn zesummen mat engem Guide dëst speziellt Landstéck méi genau ënnersicht.

E Freideg sinn si mat der Fär erëm op d’ Festland gefuer fir zu Rotterdam de giganteschen Hafen ze besichen .

De leschten Dag stoung d' Visite vun dem interaktiven naturwëssenschaftlechen Musée Technopolis zu Mechelen um Programm. D' Rees gouf mat enger Visite vun der Brasserie du Bocq bei Namur ofgeschloss.