Konferenz vum Minister Luc Frieden (Billergalerie)

Zu enger Konferenz mam Minister Luc Frieden haten d'CSV-Sektioune Luerenzweiler, Stesel a Walfer hier Bierger invitéiert.
Dat Thema wat de Minister virgeluecht krut, ass op groussen Interessi bei den Awunner vun deene verschiddene Gemenge gestouss, sou dass et och net iwwerraschend war, dass de Sall am Centre Culturel zu Hielem gutt gefëllt war.
D'Usprooch huet de President vun der Sektioun Luerenzweiler gemaach, den Norbert Feltgen.
De Minister huet dorop higewisen dass d'Ausgabe vum Staat méi séier klamme wéi d'Einnamen. Dat huet och domadder ze dinn dass eist Land an deene leschte Joren immens schnell gewuess ass, ongeféier 4%. Lëtzebuerg steet nach gudd do am Verglach mat deenen anere Länner an Europa. Mä et muss gekuckt gin dass eis Schold net méi uwiisst fir dass eist Land sech net an enger ähnlecher Situatioun erëm fënnt wéi vill aner Länner an der Euro-Zone.
Och musse mer kucken eisen AAA ze behalen. Lëtzebuerg, Finnland, Holland an Däitschland sinn nach déi eenzeg 4 Länner an Europa déi hiren "triple A" Status nach hun. Dat ass extrem wichteg fir zu gudde Konditioune Geld geléint ze kréien.
Och huet den Herr Frieden iwwert seng Openthalter a China bericht, wou hien probéiert huet nei chinesesch Banken op Lëtzebuerg ze kréien.
Nom Minister senger Ried haten d'Leit am Sall nach d'Méiglechkeet fir Froen ze stellen, déi och vu ville Leit genotzt ginn ass. No interessanten an och pickege Froen aus dem Publikum huet d'Presidentin vun der Sektioun Stesel dunn d'Wuert kritt. D'Judith Mischo-Feider huet eng kleng Synthèse iwwert déi sëllechen Informatioune vum Herr Frieden virgedroen.
Uschléissend huet de President vun der CSV Luerenzweiler all d'Leit am Sall nach häerzlechst op hiren Neijoerspatt invitéiert.

Déi nächst Konferenz mam Marco Schank fënnt den 29.04.2013 dann zu Stesel statt.