Floumaart zu Walfer hat groussen Erfolleg

E Sonndeg haat d’CSV Walfer am Centre Prince Henri hiren 13. ‚Marché aux Puces‘ organiséiert. 51 Aussteller hunn op 111 Dëscher hir Floumaartartikelen ugebueden.

Trotz Schnéi a schlechte Stroosseverhältnisser haten sech ganz vill Leit zu Walfer afonnt an d’Stänn ware gutt besicht. Raritéiten an Antiquitéiten mee awer och Schmuck, diverses Sammelstécker, Kleedung, Spillsaachen a vill aneres hunn e Sonndeg de Besëtzer gewiesselt. Bei engem gudde Pättchen konnt een de ganzen Trubel flott genéissen.

D’CSV Equipe huet de ganzen Dag iwwer fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt a kengem vun Keefer an de Verkeefer haat et e Sonndeg Leed gedoen de Wee op Walfer gemaach ze hunn.