Klimapakt tëschent dem Staat an de Gemengen

D'Csv-Sektiounen Stesel, Luerenzweiler a Walfer haten sech no de Gemengewahlen zesumme gesat fir u méi enger enker Zesummenaarbecht ze schaffen. Bei dëser Versammlung vun deenen dräi Sektiounen ass d'Idee entsprongen an all Duerf eng Konferenz ze halen.

Déi 1. Konferenz vun dëser Trilogie war dunn den 8. Oktober 2012 mam Minister Claude Wiseler zum Thema: „Verkéiersproblematik am Uelzechtdall“ zu Walfer.
Du war et u Luerenzweiler, déi den 29. Januar hier Konferenz mam Minister Luc Frieden zum Thema: „Finanzsituatioun a Perspektiven vu Lëtzebuerg“ zu Hielem organiséiert haten.
Déi drëtt a lescht Konferenz vun der Trilogie war dunn den 29. Januar zu Stesel am neie Kultursall um Campus Scolaire, mam Minister Marco Schank zum Thema: „Klimapakt tëschent dem Staat an de Gemengen“.

Ëm déi 40 Leit haten sech zu Stesel afonnt fir mam Minister Marco Schank an dem Deputéierten Marcel Oberweis iwwert dat intressant Thema vum Klimapakt an der Energieberodung an de Gemengen ze diskutéieren. Opgemaach huet dës Konferenz d‘Madame Judith Feider (Präsidentin vun der Csv-Sektioun Stesel). No dem klengen Intro huet dunn den 1. Schäffen vu Stesel an Députéierten Marcel Oberweis d‘Wuert iwwerholl. Hien huet iwwert de Bäitrëtt vun der Gemeng Stesel am Klimapakt geschwat, an iwwert eng nohalteg Entwecklung an de Gemengen. Ervirgehuewen huet den Här Oberweis och nach d‘Beliichtung vun de Velo's Weeër, déi zu Stesel mat Photovoltaik bedriwwe ginn.

No dem Här Oberweis huet de Minister Marco Schank dat Thema Klimapakt tëschent dem Staat an de Gemengen den intresséierten Nolauschterer méi no bruet. No der spannender Interventioun hunn de Minister Marco Schank an den Deputéierten Marcel Oberweis sech de Froë vun de Leit gestallt.

D'Publikum huet ganz vill Froën an awer och Bedenken zu dem Thema geäussert.

D'Csv Stesel huet no der Konferenz op een Eierewäin invitéiert, hei gouf dunn nach bei engem klenge Pättchen déi eng oder aner intressant Discussioun gefouert.

Fir déi dräi Csv-Sektiounen wärt et net bei dëser Trilogie bleiwen. Äifrech gi scho rem nei Thema'en an Datumer gesicht fir déi nächsten Konferenzen, sou dass d'Bierger och an Zukunft gutt informéiert sinn wat an nächster Zukunft am Land an an hirer Gemeng passéiert.