Minerva Lëntgen - Avenir Beggen 0-2


Op dësem 13.Spilldag huet Beggen missen zu Luerenzweiler géint Minerva Lëntgen untrieden. Trotz de kuerzfristegen Ausfäll vum Greg Molitor, dem Danny Krings an dem Diogo Troncao huet de Match excellent fir Beggen ugefaang. No nëmmen 21 Sekonnen huet de Pascal Denigro den 0-1 markéiert. E Lëntgener Ofwierspiller huet dem Denigro säi Schoss ofgefälscht, soudass de Golkipp keng Chance méi hat nach un de Ball ze kommen. Duerno gouf et awer laang keng wierklech nennenswäert Aktioun méi. An der 43.Minutt hat Minerva e gudde Konter, den Olavo Spencer konnt awer in extremis klären. Nëmmen zwou Minutten drop war Duercherneen am Lëntgener Strofraum, de Ball koum iergendwéi bei de Randy Nzita deen einfach mol ofgezunn huet... säi Schoss goung awer riets laanscht de Gol.

Tëscht der 50. an der 60.Minutt gouf et di eng oder aner gelongen Offensivaktioun op béide Säiten, woubäi di geféierlechst an der 57.Minutt no engem Corner vu Lëntgen zustaan komm ass, wou d'Beggener Ofwier am leschte Moment op der Linn gekläert huet. No 67 Minutten konnt de Lëntgener Golkipp e Schoss vum Randy Nzita no Pass vum Patrick Minas ewegfauschten. Fënnef Minutte mi spéit koum en Distanzschoss op de Beggener Gol, mä och de Chrismousse huet mat de Fäischt gekläert. Dëst sollt di lescht Golchance vu Lëntgen an dësem Match sinn. An der 80.Minutt ass e weideren ofgefälschte Schoss vum Nzita knapp lénks laanscht de Gol gaang, 3 Minutte mi spéit konnt den agewiesselten Demeyer aus spatzem Wénkel de Golkipp net bezwéngen. An der 92.Minutt huet de Pascal Denigro dunn op Konter den 0-2 geschoss.

[ Lou Hartmann op www.wichtelweb.net ]