Gaart an Heem Schieren - Chèque-Iwwerreechung

Ufank Dezember, bei Geleeënheet vun senger Generalversammlung, huet de Gaart an Heem vu Schieren der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Chèque vun 1000,00 Euro iwwerreecht.

Et ass schons zur Traditioun ginn, dat de Veräin all Joers een Don mëcht un eng sozial engagéiert Associatioun. D‘Suen stamen aus dem Erléis vun Léiffrawëschdag, wou de Veräin bis zu 80 Wëscher verdeelt an een Deel vum Verkaf vum Quetschekraut, dat de Veräin alljoers am September kacht.

D’Madame Weimerskirch vun der Fondatioun huet de Chèque entgéint geholl an huet Informatioune ginn iwwer hir wäertvoll Arbecht, déi si leeschten, fir de Kanner an hire Famillen bäizestoen an där schwéierer Zäit, déi si mussen durchmachen wärend der Krankheet vun de Kanner.

Gréitchen Bertemes-Schmitz

More news by Marguerite Bertemes-Schmitz >