Gaart an Heem Schieren - Scheckiwwerreechung

Bei Geleeënheet vu senger Generalversammlung am Dezember huet de Gaart an Heem Schieren ee Scheck vun 1.000.-Euro iwwerreecht un d'ATP asbl. D'Suen stamen ënner anerem aus dem Erléis vun Léiffrawëschdag an vu verschidden aneren Aktivitéiten. Den Här Wimpfheimer, directeur adjoint psychosocial an chargé de direction vum Schierener Atelier huet d'Aktivitéiten vun hirer Associatioun virgestallt. A verschidden Atelieren zu Eilereng, zu Kielen, um Haff Ditgesbaach zu Ettelbréck, um Hondsburren zu Woltz, Licorne zu Miersch an zu Schieren, ginn si de Leit mat psyschech-soziale Problemer d'Méiglechkeet a verschidden Beruffer wéi d'Konschhandwierk, d'Restauratioun, d'Schreinerei, d'Schlesserei an nach anerer ze schaffen, an zwar an engem geschützten Emfeld an no hiren Méiglechkeeten. Iessen an Gedrenks bei der Generalversammlung, déi am Restaurant vum Schierener Atelier stattfond huet, ass vun de Leit vum Schierener Atelier zerwéiert ginn.


More news by Marguerite Bertemes-Schmitz >