Gedenk- a Jugendaarbecht koordinéieren

Aus der Generalversammlung vun der Amicale Natzweiler-Struthof


Bei der dësjäreger Generalversammlung vun der “Amicale des Anciens Prisonniers et des Familles de Disparus de Natzweiler-Struthof” konnt de Präsident Pierre Huss niewent den laangjäregen Memberen och e puer nei Memberen begréissen.


D’Joer 2022 ass mat der Gedenkfeier zu Déifferdeng ugaangen. Et gouf zesummen mat de Gemengen Déifferdeng, Suessem a Rëmeleng eng Gerbe deposéiert. Dëst virun der Stèle um Kierfecht zu Déifferdeng wou déi 7 Lëtzebuerger Resistenzler begruewen sinn déi den 19. Mee 1944 um Struthof erschoss goufen. Den 11. an 12. September huet d’Amicale dunn rëm hir alljärlech Rees op de Struthof gemaach wou si un enger grousser internationaler Erënnerungsfeier virum monumentalen Denkmal deel geholl huet.

Natierlech war d’Amicale och hei am Land op villen Gedenkfeieren mat hirem Fändel derbäi.

D’Amicale war och op der Réouverture vun der restauréierter Gaskummer um Struthof, souwéi bäi der Installatioun vun enger Stèle am Niewelager Obernai. De “Verbund der Gedenkstätten im ehemaligen KZ-Komplex Natzweiler” hat op en Kolloquium vun 3 Deeg op Rastatt invitéiert. Et ass dobäi ëm d’Vernetzung vun de KZer am Allgemengen an awer besonnesch ëm d’KZ Natzweiler-Struthof a seng Niewelageren gaangen. Och bäi deem ganz interessanten Meeting war d’Amicale vertrueden.

Dëst Joer geet d’Rees och rëm op de Struthof. Et ass nach net decidéiert wéini, well den Datum vun dëser internationaler Feier nach net feststeet.

Sou wéi och schonn d’lescht Joer wäert d’Amicale 2023 rëm an eng Partie Lycéeën goen fir der Jugend ze weisen an ze erklären wat am 2. Weltkrich an de KZer a besonnesch zu Natzweiler geschitt ass. Dëst net nëmmen fir vun der Vergaangenheet ze schwätzen, mä fir der Jugend ze weisen wat aus extremen Gedankegut entstoe kann. Domat versicht d’Amicale ze hëllefen datt sou eppes an Zukunft net méi méiglech gëtt.


De Comité besteet aus: Pierre Huss, Präsident; Gaston Schütz, Vizepräsident; Lex Huss, Sekretär; Françoise Flesch, Keessière; Arthur Hoffmann, Juliette Petry-Huss, Jean-Jacques Siedler, Nico Thill a Paul Welter, Memberen