Amicale Natzweiler-Struthof - Gedenken an Jugendaarbecht

Am Joer 1966 ass d’Amicale des anciens prisonniers et des familles de disparus de Natzweiler-Struthof zu Uesweiler ënnert dem President Robert Krieps gegrënnt ginn. Zënter hier setzt si sech derfir an, dat d’Nimm vun den Affer vum Naziterror an hir Schicksaler net vergiess ginn.

An der Generalversammlung huet de President Pierre Huss e groussen Deel vun de Memberen kenne begréissen. No enger Gedenkminutt fir di Verstuerwen aus der Amicale huet de Sekretär Lex Huss déi verschidden Aktivitéiten opgezielt: Niewent der Gedenkfeier den 19. Mee zu Déifferdeng op däer déi 7 Lëtzebuerger Jongen geéiert ginn déi deen Dag 1944 zu Natzweiler erschoss ginn sinn, an der Rees vun 2 Deeg am September op Natzweiler, war d’Amicale bei ville Gedenkfeieren am Laf vum Joer vertrueden. Ausserdeem ware Vertrieder vun der Amicale a verschidde Lycéeën fir de Schüler mat engem interessante, multimediale Virtrag en Abléck an d‘Geschicht vum KZ ze ginn. De President war och mat verschidde Gruppen an dat fréiert KZ fir op der Plaz déi néideg Erklärungen ze ginn.

D’Keessière, Françoise Flesch konnt eng gesond Keess präsentéieren. Op Virschlag vum Jerry Huss an deenen 2 anere Keesserevisoren Pletsch J.P. an Theis Fr. huet Generalversammlung der Mme Flesch Décharge ginn.

D’KZ Natzweiler-Struthof am Elsass, knapp 60 Kilometer hannert Stroossbuerg, war eent vun deene mäerdereschsten Lager vum NS-System. 52.000 Deportéiert waren do ënner onmënschlechen Konditiounen internéiert. 418 Lëtzebuerger, gréisstendeels Resistenzler waren ënnert de Gefaangenen, 88 sinn der do ëmbruecht ginn. Fir datt déi schrecklech Zäit net vergiess gëtt, organiséiert d’Amicale all Joer am Hierscht eng Gedenkfahrt op Natzweiler. All interesséiert Leit sinn häerzlech wëllkomm fir bei dëser Rees vun 2 Deeg matzefueren.

D’Amicale huet am Ament 90 Memberen. De Comité besteet aus 8 Leit: Pierre Huss (President); Gaston Schütz (Vizepresident); Lex Huss (Sekretär); Françoise Flesch (Keessière) an d’Memberen: Juliette Petry-Huss, Jean-Jacques Siedler, Nico Thill, Paul Welter.

www.amicale-natzw.lu