Gedenkrees an d’KZ Natzweiler-Struthof

Den 9. an 10. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof Lëtzebuerg rëm eng Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof an d’Vogesen gemaach. Dëst KZ war dat eenzegt op franséischem Bueden, a gëtt all Joer vun 200.000 Leit besicht.

Nazien haten op där Plaz, um Mont Louise, rosaen Granit fonnt deen se wollten ofbauen fir dem Hitler säin Wahn-Bauprojekt “Germania” zu Berlin ze realiséieren. Am Mee 1941 ass e Lager opgeriicht ginn an deem Krichsgefaangener ënner onmënschlechen Konditiounen deen Granit hu missen ofbauen. No an no ass aus dem Lager e Vernichtungslager ginn. 52.000 Deportéiert hunn um Struthof an a sengen Niewelageren d‘Hell op der Äerd erlieft. Méi wéi 20.000 vun hinnen hunn net iwwerlieft. D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht all Joer eng Rees dohin fir all deenen, a besonnesch den 418 Lëtzebuerger déi do gelidden hunn an vun deenen der 88 net méi Heem komm sinn, ze gedenken.


Samschdes Mëttes huet d’Amicale an der “Kiselkaul” vum Lager Blummen néiergeluecht fir speziell déi 7 Lëtzebuerger Jongen ze éieren déi do den 19. Mee 1944 vun den Nazien erschoss gi sinn. Eng zweet Gerbe ass virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht ginn. Duerno hu mir mat deenen intresséierte Leit eng Féierung duerch d’Lager gemaach.

Sonndes Moies hu mir de Memorial Alsace Moselle zu Schirmeck besicht. Direktesch huet eis perséinlech duerch dee Musée gefouert a ganz interessant Erklärungen derzou ginn.


Et bleift ze hoffen, datt an deenen nächsten Joren sech nach ëmmer genuch Leit afannen fir mat der Amicale zesummen déi léierräich Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof ze maachen.