Neien Erasmus+ Projet am Lycée technique de Bonnevoie

"Spuren von Gestern im Heute - Europa grenzenlos neu entdecken" heescht de neien Erasmus+ Projet, dee säit dësem Schouljoer am Lycée technique de Bonnevoie ugelaf ass.

Iwwer déi nächst zwee Joer entdecken d'Schüler aus der "Voie de préparation" am Lycée geschichtlech Hannergrënn, Zesummenhäng, Denkmaler a Kulturierwen zu Lëtzebuerg an an de Partnerlänner Däitschland, Slowakei a Spuenien. Si léiere Gemeinsamkeete kennen an esou hir europäesch Identitéit stäerken.

En éischten Austausch am Kader vun dësem Projet, kofinanzéiert vun der EU, huet vum 14. bis den 18. Oktober 2019 am "Gymnasium Waldkraiburg" a Bayern an Däitschland statt fonnt.

Fënnef Schüler vun de Klasse 6P1 a 5P1 mat dräi Enseignanten hunn un dësem Treffen Deel geholl. Si konnten no hirem Zesummekomme festhalen, dat si vill Neies ronderëm déi nei Géigend an hir Geschicht kenne geléiert hunn an dat hiert zesumme ronderëm een Thema schaffen all bedeelegt Partner an dësem Projet méi no bruecht huet an dëst dozou bäi dreet dat ee gemeinsamt Europa méiglech ass.

Am Mäerz 2020 treffen sech déi véier Partnerlänner zu Lëtzebuerg fir de Lycée zu Bouneweg, d'Stad Lëtzebuerg, d'Land an en Europa ouni Grenzen am Dräilännereck ze entdecken.