Aktioun « 100 Beem fir 100 Joer Guiden »

Am Kader vun der Aktioun « 100 Beem fir 100 Joer Guiden » huet de Grupp Saint Michel Miersch vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten de Samschden den 4te Dezember een néien Bam am Miersch Park geplanzt. Am ganzen Land ginn an Zesummenaarbescht mat der Natur- a Bëschverwaltung fir den honnertjähregen Anniversaire vum Guidissim 100 Beem geplanzt fir dëst ze féieren.