Haut Scout 2012

Nom Fréier Scout wor dëse Samschden den Haut Scout zu Miersch am Park. De Grupp St. Michel vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hat zesummen mat dem FNEL Grupp "Les Loutres" op eng grouss Scoutskiirmes invitéiert. Kanner a Jugendlecher konnten un deene verschiddenste Spiller an Atelieren gratis deelhuelen, ewéi z.Bsp. Floossfahrt um Séi, Rieserutschbahn, Lehmatelier, Klammparcours asw. Dësen Dag konnt een sech e gutt Bild vun der benevoler Aarbecht vun deenen 2 Gruppen maachen an och esou munchen neie Scout huet sech ugemellt. Menger Meenung no eng super Saach, zemol een hei déi 2 Gruppen aus deenen 2 Verbänn zesummen op enger Plaatz hat. Wann der weider Infoen zu de Gruppe sicht kenn der dëst ënner http://miersch.lgs.lu/ an www.scouts-loutres.lu/ maachen.