Fréier Scout!

Virun 2 Wochen hunn sech zu Miersch beim LGS Chalet eng Partie komesch Gestalten erëmgedriwwen!

Et wor de Fréier Scout ugesot. De aktuelle Grupperot vum Grupp St. Michel Miersch vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hat déi super Idee all fréier Cheffen op een Iessen z'invitéieren. Si wollten erausfannen wien dann esou virun hinnen am Grupp täteg wor. De ganzen Owend iwwer si Fotoen gekuckt ginn, Dia gewisen an déi eng oder aner witzeg Anekdot verzielt ginn.

Eng ronn 100 fréier Cheffen haten sech ugemellt fir e leckert Fierkel um Spiiss ze frupsen. A well jo net all fréiere Chef méi zu Miersch wunnt, hu verschiddener esouguer op der Campplaz am Zelt verbruecht. Merci dem Grupperot fir dee flotten Owend deen beim Lagerfeier ausklénke gelooss ginn ass. Et wor bestëmmt net fir d'Lescht.