Ufanks Mee huet d‘Kleederstuff Miersch dräi Hëllefsorganisatiounen mat je 5.000 Euro ënnerstëtzt. D’Schecke sinn iwwerreecht ginn un d’Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux, un d’Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale an u Femmes en Détresse. D’Kleederstuff Miersch sammelt propper a gutt erhalen Kleeder an Accessoiren, fir se zu engem symbolesche Präis un interesséiert Clienten ze verkafen. Ausser an der Vakanz geschitt dëst all Donneschdeg vu 14:00 bis 17:30 Auer.