D’Kleederstuff Miersch huet sech och dëst Joer generéis gewisen an dräi engagéiert Organisatiounen mat jeeweils 5.000 Euro ënnerstëtzt.
Déi glécklech Beneficiairen sinn:
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Eilenger KonschtWierk ATP asbl
Lëtzebuerger Déiereschutzliga ASBL
Duerch den Asaz vun 10 motivéierten Benevolen kann d’Kleederstuff Miersch weiderhin konkret Hëllef leeschten – fir Mënschen, fir d’Kultur an och fir d’Déieren.
E grousse Merci geet un all déi, déi mat hirem Bäitrag dozou bäidroen, datt esou Projeten iwwerhaapt méiglech ginn.