Chrëschtfeier beim FC Monnerech

Et war eng Chrëschtfeier an engem neie Konzept. Net méi wéi all Joer an eisem gemittlechem FCM Club House deen fir esou Geleeënheeten e wéineg ze kleng ass, mee emol eng Kéier auswäerts, an zwar an deem schéinen neie Kulturzentrum "Beim Nëssert" zu Biergem. Hei war vill Plaz an esou konnt och jidderee gläichzäiteg of d'Feier kommen. An esou war de Sall de Freideg den Owend ganz gutt besat. Vläischt wollt och nach jiddereen nach vum Owend profitéieren. Maya sei Schuld! Et war jo den 21/12/2012.

De Jupp Biever huet d'Wuert ergraff fir eng kuerz Aleedung ze maachen. Hien huet déi gutt Resultater vun eiser Jugend am Joer 2012 ervirgestrach (Triplé vun eise Minimes, Opstieg Minimes 2 an duebelen Optieg vun de Cadets a genial Leeschtung vun eise Bambins) an da vum Ouschtercup geschwat deen dat nächst Joer an senger 10. Oplag ausgefouert gëtt. Dofir huet dann och all Jugendspiller e Carnet Ticket'en fir ze verkafe verdeelt kritt. De Jupp Biever huet huet erkläert, dass den Ouschtercup dee gréissten Event vum Joer am Club ass an, dass dat och eng grouss Einahmequell ass déi fir eis Jugendaarbecht och néideg ass. Esou huet den Organisatiounscomité Geleeënheet genotzt fir der Jugendkommissioun e Scheck vun 20.000 EUR ze iwwerreechen. Mee och de President vum Club, de José Dhur, huet kuerz d'Wuert ergraff fir Merci ze soen a fir nach eng Kéier un déi nei Féierung am Club an der neier Philosophie am Club ze erënneren. Da war et um Sekretär vun der Jugendkommissioun, de Paolo Vinciarelli deen déi nei Charta fir Tainer, Spiller an Eltere virgestallt huet. All Spiller huet eng Copie heivunner krut.

Do war Zäit gutt iwwerbréckt gi well de Kleeschen hat e wéineg Verspéidung. Mee du koum en endlech a Begleedung vun sengem Gesell, den Houseker. Hien huet deene ganz klengen e grousse Luef ausgeschwat fir hier grouss Bereetschaft a Motivatioun déi si un den Dag leeën, fir hier fläisseg Aarbecht a fir déi ganz gutt Leeschtung vun de Bambinis an dëser Saison, déi nach iwwerhaapt kee Match verluer hunn a schonns gutt 130 Goaler am Championnat geschoss hunn. Da sinn Trainer mat hire Meedercher a Jongen op de Podium geruff ginn, Kategorie pro Kategorie, vun de Bambinis bis Juniors! Si hunn all e ganz flotte Cadeau vum Kleesche kritt: eng flott Mutz an e flotte Schal mat neie Slogan vum FC Monnerech "Zesummen een Zil: Rout-Schwarz". Trainer kruten eng Rutt vun deem ellenen Houseker. All Spiller krut doriwwer eraus och nach Bonge fir eng Consommatioun an e Wierschtchen.

Da koum nach eng flott Iwweraschung. An zwar wousst dee Betraffene guer näischt heivunner. De Guy Weyer ass vum Jupp Biever op de Podium geruff gi wou hien aus den Hänn vum President en Diplom an eng Médaille de Mérite en Or vun der FLF iwwerreecht krut. De Guy Weyer ass näämlech säit 50 Joer an der FLF affiliéiert. Hien ass och vun Ufank un, also säit 1992 an der Jugendkommissioun vum FCM. Hie krut e spezielle Merci ausgeschwat fir all dat wat hie bis elo fir eis Jugend gemaach huet an och fir dat wat hien nach am gaangen ass ze maachen.

Duerno gouf nach bei Musek a Photovirféierungen giess a gedronk an nach laang zesumme mateneen geschwat. Et war eng richteg schéin a gemittlech Feier wou jidderee sech an deem wonnerschéine Biergemer Kulturzenter wuel gefillt huet.