Den FC Monnerech weess den 1. Mee ze wierdegen

Um 7 Auer haten déi ganz trei vum FC Monnerecher an der Jugendkommissioun et sech net huele gelooss a sech Rdv gi fir den traditionelle Meekranz an de Monnerecher Bësch maachen ze goen.
An der Nuecht hat et deelweis gutt geschott, mee moies um éischte Mee war dat schéinste Wieder am Bësch. De Bësch war net grad esou gréng wéi dat lescht Joer, mee eis Aarbechter hu genuch Gréngs fonnt fir e flotte Meekranz ze maachen. Schliisslech hu mir jo och e gudde Gemengenaarbechter an esou guer e fréiere Gäertner bei eis an der Équipe. Deen huet dann och mat Hëllef vu sengem Viraarbechter de Meekranz flott gemaach. Wou de Meekranz vum FC Monnerech esou wäit fäerdeg war, a schonns drop geprost ginn ass, do koumen d'Musek an déi aner Monnerecher Veräiner emol esou lues.
Mir sinn da mat eisem schéine Meekranz bis op eisen Terrain 3 an't Duerf gefuer, wou mer e virun d'Buvette opgehaangen hunn. Do sinn dann Zelter, Dëscher a Bänken opgeriicht ginn an de Grill ass ugeschmass ginn.

Um halwer zwielef ass eis grouss Éischt-Mee Feier ugaangen. Mat Apéro an da Gegrilltes, Fritten an Zaloten.
Den FC Monnerech ass eben e staarkt Stéck Monnerech! Mir kënne kämpfen, .... awer och feieren!

Méi op www.fcmondercange.lu ënnert "Jeunes"