FC Monnerech: Juniors an Minimes 2 Top!

Déi Monnerecher Juniors a Minimes 2 hunn all Gronn fir ze feieren. Si hunn et duerch hir gutt Leeschtunge fäerdeg bruecht opzesteigen. An dat nawell op eng ganz impressionant Manéier.

Trainer bei de Juniors vum FCM ass den Daniel Dias De Almeida. Den FCM ass mat 6 Punkte Virsprong op den FC Rodange 91 Champion an der 3. Klass ginn.
Bei de Minimes 2 ass et den Ivan Ignjatovic dee fir den Erfolleg an déi gutt Ambiance responsabel ass. Hei konnten d'Jonge mat 23 Punkte viru Lasauvage (17) de Championstitel an der 6. Klass feieren.
Bravo fir déi gutt Leeschtungen.

An och Bambinis vum FCM sinn eng Klass fir sech. Si hu viru kuerzem den Titel um nationale Fussballsdag zu Ettelbréck gewonnen. Si hunn och all hir 18 Championnotsmätscher an dëser Saison gewonnen. Si hunn 17 Turnéier an der lafender Saison gewonnen a just ee mol hu si dat net geschafft!
Einfach sensationell!