FCM Bambinis géint hir Mammen

Eng flott Initiative hat de Pedro Duarte deen eng Iddi vum FC Metz opgegraff huet an esou zum Ofschloss vun enger immens erfollegräicher Saison, eis Bambinis géint hir Mamme spille gelooss huet.

D'Mamme waren natierlech hell begeeschtert eng Kéier an der Monnerecher Uniform spillen ze dierfen. An dat och nach géint hir Kanner déi si déi ganz Saison duerch supportéiert hunn.

D'Photoe vum Pedro Duarte schwätze fir sech, et war e vollen Erfolleg. Kanner, Mammen awer och d'Pappen hu sech immens gutt ameséiert. En Experiment dat een an Zukunft wäert widderhuelen.
Um Enn hunn déi Monnerecher Bambinis (natierlech) och dëse Match fir sech entscheet an hire Mamme mat engem 7:3 absolut keng Chance gelooss.

Flair Play war nom Match ugesot. Wéi ëmmer hunn eis Kanner dem Géigner, dee jo nees déi léif Mamm ginn ass, d'Hand gereecht a Merci gesot. No enger erfrëschender Douche ass et dann e gudde Maufel z'Iesse ginn.