Gebakene Fësch op Äschermëttwoch beim FCM

D'Aktioun "Gebakene Fësch" vum FC Monnerech ass allgemeng ganz gutt zu Monnerech an Ëmgéigend bekannt. Et ass ewell schonns e Brauch, dass op Äschermëttwoch a Karfreideg am Club House vum FCM Gebakene Fësch zerwéiert gëtt.
Esou ass et och net verwonnerlech, dass d'Club House nees struppevoll war mat Leit déi sech de gebakene Fësch oder de gebakene Filet gutt schmaache gelooss hunn. Et war emol net méi eng eenzeg Plaz fräi!

Vill Leit sinn och nach hir virbestallte Commande siche komm. Eisen Gianni an seng Équipe hunn dofir gesuergt, dass jiddereen eppes fir ënnert Zänn krut. Et huet also gefluppt an der Kichen. Leider hat awer deen een oder deen anere vergiess seng Bestellung opzeginn. Si sinn awer bis op den Terrain froe komm, mee et war kee Fësch iwwereg. Si hunn awer direkt deen nächsten Termin opgeschriwwen. Deen ass op Karfreideg de 29. Mäerz.