Minimes vum FC Monnerech an der FUTSAL Finale!

De Sonndeg den 3. Februar 2013 war den 3. Tour am Futsal fir eis Scolaires a Minimes ugesot. Eis Scolaires hunn am héije Norden zu Veianen eng 4. Plaz gemaach an hunn et leider net geschafft. Mee eis Minimes hunn doheem an eiser Monnerecher Sportshal d'Sensatioun fäerdeg bruecht fir sech fir d'Finale ze qualifizéieren.

Wéi gesot, haten eis Minimes Heemrecht. No engem 2. Tour wou si sech ganz knapp fir den 3. Tour qualifizéiert haten, ass et dës Kéier vill besser gelaf obwuel si absolut keng einfach Grupp geroden haten.
Direkt deen éischte Match war schwéier, well do ass et géint Diddeleng gaangen. Dëse Match huet allerdéngs kee Gewënner fonnt (0:0). An och deen zweete Match war keen einfachen. Géint Déifferdeng spillen dem Nico Tironzelli seng Jongen e gudde Fussball a gi verdéngt mat 1:0 a Féierung. Mat der Schlusssirene schéissen déi Déifferdenger awer nach den Ausgläich wat hefteg Diskussiounen ausgeléist huet. Muss de Goal zielen oder net? De Goal ass awer validéiert ginn an dee sollt nach wichteg fir déi Déifferdenger ginn. Monnerech huet dann awer géint Stroossen (1:0), den RM Hamm Benfica (3:2) a Miersch (2:1) gewonnen. Am leschte Match schléit Déifferdeng dann Diddeleng nach mat 2:0 a klasséiert sech op déi 1. Plaz viru Monnerech. Diddeleng kënnt just op déi 3. Plaz an ass éliminéiert.

Bravo fir eis Minimes déi d'Sensatioun geschafft hunn an elo an der Finale stinn. Déi gëtt de Sonndeg de 24. Februar um 9 Auer an der Sportshal zu Nidderaanwen gespillt. An do kommen mir iech ënnerstëtzen well elo ass alles dran!