Sport geet iwwert de Fair Play an de Respekt!

An der Jugend soll de Fussball virun allem Spaass maachen. Oft sinn et awer déi Erwuessen déi mat deem schlechte Beispill fir ginn an zevill fantastesch sinn. Erfolleg ass schéin, awer net alles. Am Sport grad wéi am Liewen ass de Fair Play an de Respekt eng ganz wichtegen Atout an eng Eegeschaft déi ni genuch appréciéiert ka ginn. Eise jonke Spiller musse mir dëst Qualitéit bäibréngen.
Als stännege Begleeder vun de Monnerecher Fussball-Jugendéquipë maachen ech vill Photoe vun hire Mätscher. Dobäi fänken ech ëmmer nees flott Biller an wou d'Jongen de Fair Play an de Respekt ganz grouss zum Ausdrock bréngen. Mee ech hunn och flott Momenter vun den Erwuessenen agefaangen. A genee dat ass eben esou flott a ganz wichteg hautzedags, wou dach alles esou schnell geet an een Tendenz huet just no sengem eegene Profit ze kucken.

A menger Photogalerie vun der Saison 2012/2013 kann een e klengen Androck heivunner kréien.
Vive de Sport, vive de Fair Play, vive de Respekt!