2250 € fir Blëtz a.s.b.l.

Déi 3 Veräiner Bigband Memory, Sëller Musek an Hueschterter Musek hu vum Galaconcert vun der Hueschterter Musek dovunner profitéiert, e Scheck u Blëtz ze iwwerreechen. Läschte Juli haten di 3 Museken zesummen e Concert gespillt fir hirer verstuerwener Musikantin Danielle Biwer eng läscht Éier ze erweisen. Alles gouf deemols fir de gudden Zweck gesammelt. Di 3 Veräiner konnten der Associatioun Blëtz, vertrueden duerch d'Madammen Nicole Backes-Walesch a Yasmine Silbereisen, e Scheck vun 2.250 € iwwerreechen.