Bazar vum Privaten Déiereschutz

De 4. November war nees deen traditionellen, grousse Bazar vum Privaten Déiereschutz asbl am Centre Culturel Loisi zu Ueweraanven.
Wéi emmer haten sech immens vill Leit afonnt fir e puer flott Stonnen ze verbrengen an sech eng Parti schéi Saachen ze kafen. Domat ënnstëtzen si den Nidderaanvener Déiereschutz ganz kräftech.
Deene ville freiwëllegen Hëllefen muss e grousse merci gesot gin, wäll si sin schon zum Deel zanter e puer Méint am gaang Tombola anzesammelen, alles ronderem ze preparéieren an deen Daag selwer geng net esou gudd fonktionéieren ouni déi vill fleisseg Hänn.

Och nom Bazar kann een eng ganz Parti Saache kafen.
Wéi zum Beispill Kalenneren, Deckelen fir den IPhone 4, Sonneschutzen fir an den Auto mat 6 verschidde Motiver, 20 verschidden Gléckwonschkaarten op lëtzebuergesch a franséisch mat Déieren déi vum Privaten Déiereschutz vermettelt gi sin oder Fleecejacketten a Mutzen mam Logo vum Privaten Déiereschutz. Kuckt iech d'Fotoen un vir puer Beispiller.
Fir méi Informatiounen: Telefon 34 85 01 oder e-mail deiereschutz@pt.lu