Flotte Concert "Kanner sange fir Kanner' de Sonndeg 3.Abrëll zu Nidderanven

De Sonndeg 3.ten Abrëll hat d'asbl "Mateneen fir Kanner", eng Aktiounsgrupp vun "Plan International" zu enger Matinée invitéiert. Et haten sech vill Leit afonnt fir dëse Concert sou dat de Sall méi wéi gutt gefëllt wor.De President Fränz Reuter huet no der Begréissung "Mateneen fir Kanner" als neie Verein an der Gemeng Nidderaanwen virgestallt. Hien ass kuerz op d'Entstoen an d'Arbecht vun "Plan International" agaang. De Verein "Mateneen fir Kanner" ass 2010 aus enger Dozen Leit entstaan déi eppes méi wéi eng Patenschaft wollten iwwerhuelen an sech dofir als "Aktiounsgrupp" konstituéiert hun dén fir sech fir d'Zieler vun "Plan International" asetzt a schafft. Duerno ass d'Bühn frei gin fir déi zwé Chéier.

De gesanglechen Deel hun den Dummeldenger Kanner- an Jugendchouer, d'Chorale vun der Classe Préparatoire vum Staater Conservatoire an d'Chorale des Enfants vum Stater Conservatoire iwwerholl. Mat vill Kënnen a flotte Lidder hun si de Publikum begéschtert a kruten démentspriechendoch vill a verdéngten Bäifall. Als Ofschloss vun dém erfollegräichen Concert kruten déi zwou Dirigentinnen e Bouquet mat Fréjorsblummen iwwerécht. A well Brëtzelsonnden wor kruten déi zwou Pianistinnen als Merci fir hiert gekonntent Begléden eng kleng Bretzel aus Schockela.

Uschléssend huet de President dem Här Jean Schiltz, Schäffen vun der Gemeng Nidderaanwen, dat lescht Wuert iwwerlooss. Dësen huet dénen zwé Gesangvereiner nach eng Kéier gratuléiert fir hir excellent Leeschtung. Duerno huet hien" Mateneen fir Kanner" félicitéiert fier déi flott Organisatioun an huet hinne weider vill Erfolleg an hirer Arbecht gewënscht. Zum Schluss huet hien all Uwiesend am Numm vun der Gemeng Nidderaanven zu engem Éierewäin invitéiert.

Dës Matinée wor fir de Publikum e gesanglechen Héchpunkt a fir den Organisateur en vollen Erfolleg.