Lea Linster ënnerstëtzt 1. INternationalen UNO-Dag von de Meedercher den 11/10/2012


Aktioun um 1.offiziellen an internationalen „Dag vun de Meedercher“ vun den Vereenten Natiounen (UNO) den 11.Oktober 2012 bei Léa’s Delikatessen Boutique an der rue de l’eau vun 10 Auer un.
Bei Geleeënheet vum 1.internationalen ‘Dag vun de Meedercher’ wëll ‘Mateneen fir Kanner asbl’, eng lëtzebuerger Aktiounsgrupp vun Plan International, zesummen mat der lëtzebuerger Spëtzekächen Léa Linster op déi nach ëmmer grouss Benodeelegung vun de Meedercher opmierksam maachen.
Dëst ass en historechen Datum fir méi Rechter, Chancen an Gläichberechtegung vun alle Meedercher. Themen sin besonnesch besser Bildungschancen, Opklärung an Schutz virun Kannerbestietnes an Mutilatioun. Den ‘International Day of the Girl Child’ gouf iwregens op Initativ vun Plan op d’Agenda vun der UNO bruecht. Dofir begleed Plan dësen Dag mat enger besonnescher Campagne: “Because I am a Girl”. An 68 Länner gin gezielt Projete fir d’Verbesserung vun der Situatioun vun de Meedercher gemaach. D’Förderung vun Meedercher an jonke Fraen kann hir Famill, hiert Liewensëmfeld an schliiesslech déi ganz Gesellschaft positif veränneren. An Däitschland sin prominent Leit wéi d’Schauspillerin Senta Berger an den Ulrich Wickert “Mister Tagesthemen” Paten bei dëser Campagne.
“Mateneen fir Kanner asbl” huet d’Léa Linster als prominent lëtzebuerger Patin agelueden fir dës Aktioun ze ënnerstëtzen well de Moto “Because I am a Girl” wierklech ausgezeechent zou hier passt, ass sie dach ént vun dénen wéinegen “Girls” dat an enger Männerdomäne Erfolleg huet.
De Fränz Reuter, President vun “Mateneen fir Kanner asbl” freet sech : “Als besonneschen Héichpunkt erwarden mir d’Léa Linster ab 11 Auer bei eisem Stand fir Autogrammen an Fotoen. Wann dir ärt Kachbuch vum Léa Linster wëllt signéieren loosen, dëst wir d’Geleeënheet.”. Kommt eis en Donneschden besichen a maacht mat bei eiser Aktioun „Raise your hands – Because I am a girl“!