Galaconcert Legends & Icons

D'Fanfare Hueschtert, zesumme mat hirer Jugendmusek, haten fir de Galaconcert "Legends & Icons" agelueden. Di zwee Cheffe Claude Hoffmann a Rainier Radelet haten eng ganz Retsch vu Legenden an Ikonen zesumme gedroen. Vun Dimitri Shostakovitch bis Elton John, vu Lionel Richie bis James Horner, vu Cole Porter bis Stevie Wonder oder vun ABBA bis Simon & Garfunkel war fir jidder musekalesche Gout eppes dobäi. Duerch de Programm hunn, an hirer gewinnt sprëtzeger Manéier, d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert. Traditionell goufen an der Paus Medaillen iwwerreecht. D'Präsidentin Jeanne Wagner huet zesumme matt der UGDA-Vertriederin Simone Fischer-Schartz an dem Buergermeeschter Fréd Ternes 4 Leit därfen auszeechnen. De Max Grethen krut eng Medaille fir 10 Joer, de Patrick Huss eng fir 20 Joer. D'Véronique Schminke ass 30 Joer dobäi an den Emile "Mulles" Wagner ass dem Veräin scho 70 Joer trei. Mat Standing Ovation huet de Public der Fanfare Merci gesot.