Kastratiounskampagne Privaten Déiereschutz

Et gët héich Zait onkastréiert Kazen a Kuederen kastréieren ze loossen iërt nees eng Onmass Klenger op d'Welt kommen déi kee Mënsch wëllt.

't war vill ze waarm, duerfir sin d'Kazen dëst Joer extrem fréih rulleg a gedeckt gin. Wann elo Enn Februar Klenger op d'Welt kommen as d'Mamm an 2 Méint schon nees rulleg, dat heescht Enn Juni kommen déi näxt op d'Welt, an Enn Oktober een drëtte Worf.
Wann een dat zesummerechent kéint eng Kaz dëst Joer 3 x 4 Kleng an der moyenne kréien.
Déi vum Februar kënnen och schon Enn des Joers Klenger kréien asw asw.
Waard also net bis der eng Onmass Kazen hut a Kränkten ausbriëchen !
A wann Dir verwëldert Kaze fiddert kontaktéiert een Déiereschutz fir dass se mat Falen agefaang an och kastréiert gin.
Klenger déi net ugepaakt gin fänke schon mat 6 Wochen un och ze verwelderen a sin dann nëmme méi ganz schwéier heemlech ze kréien fir ze vermettelen.
Kaum ee wëllt sech jo Zait huelen fir een Déierchen.