Concert an denger Täsch - Disney on Stage

Well vill Concert'en vun der Käerjenger Museksschoul dëst Joer wéinst der aktueller Situatioun hu missen ofgesot ginn, huet d'Klass vum Chant moderne vun der Madame Hannah White sech eng Alternativ afale gelooss. 


"Concert an denger Täsch: wéini's du wëlls a wou's du wëlls", dat ass de Motto vum flotte Video-Projet. All Woch poste mir elo 2 nei Video'en vun, a ronderëm d'Thema "Disney", gesongen vun de Schüler aus der Käerjenger Museksschoul.


D'Videoe kann een op der Internetsäit vun der Museksschoul an op Youtube kucken. Egal ob dir doheem um Computer sidd oder ënnerwee mam Smartphone, Laptop oder Tablet. Dëse Concert ass gratis an zougänglech fir jiddereen, egal wou ee grad ass. 


Verpasst näischt an abonéiert och d'Facebook-Säit vun "Disney on Stage". Vill Spaass beim Lauschteren!  


www.kms.lu/disney-on-stage oder scannt einfach de QR Code.


www.facebook.com/kms.disneyonstage