Porte Ouverte op Rendezvous

Den 11. an 12. Juni ass et erëm esouwäit an d'Käerjenger Museksschoul organiséiert och dëst Joer erëm eng flott Porte Ouverte fir Kanner, Jonker an Erwuessener.


Och wann et dëst Joer leider keng Porte Ouverte am klassesche Sënn ka sinn, dierft dir awer Museksinstrumenter probéiere kommen. Allerdéngs geet dëst just op Rendezvous, deen dir iech ganz einfach iwwert den Internetsite www.kms.lu kënnt buchen. Fir Blosinstrumenter ze probéieren, ass en Covid-Schnelltest op der Plaz obligatoresch, deen natierlech gratis zur Verfügung gestallt gëtt. Déi Intresséiert sinn heifir gebieden 20 Minutte virun hirem Rendezvous schonn am Haff vun der Schoul ze sinn. 


Wann är Kanner gäre sangen, dierfen si ab dem 19.06. 4 Mol Samschdes an den Haff vun der Schoul bei eiser Kannerchorale matmaachen, déi do wäert Open Air Prouwe maachen. Fir dëse flotte Projet kënnt dir iech per Mail op diane.kayser@kaerjeng.lu umellen.


Porte Ouverte an der Käerjenger Museksschoul - nëmmen op Rendezvous:

11. Juni 2021 16:00-20:00 Auer

12 Juni 2021 09:00-12:00 & 13:00-17:00 Auer


Méi Informatiounen a Reservatiounen:

www.kms.lu/book-online