De Villchen, deen net wosst wat Musek ass

D'Käerjenger Musekschoul ass frou an houfreg Iech um 1. Oktober, dem Weltdag vun der Musek, hiren neie Video "De Villchen, deen net wosst wat Musek ass" weisen ze kënnen. 


Duerch de COVID-19 hu vill Concerten an Aktivitéiten am Joer 2020 missten ofgesot ginn. Dorënner ass och eis beléiften "Porte Ouverte" an d'Presentatioune vun de Museksinstrumenter an der Grondschoul gefall. Mat dësem Video wëlle mir de Kanner an hiren Eltere weise wéi eng Musekskuere mir zu Käerjeng an der Musekschoul ubidden an dass een, ënnert de Sécherheetsmesuren déi mir getraff hunn, sech keng Suergen ëm d'Gesondheet muss maachen, wann een an de Musekskuer kënnt.


De bloe Villchen entdeckt, zesumme mam Mia a mam Amélie, op senger 25 Minutte Rees déi ganz Musekschoul an d'Kanner léiere vill Intressantes iwwert déi verschidden Instrumenter. 


Informatiounen an Aschreiwungen: http://www.kms.lu