Mouden Defilée vum Handball Käerjeng an der Hall 75

E Sonndeg den 24. März organiséiert den Handball Käerjeng eng Modenschau an Zesummenaarbecht mat verschiddene Geschäfter vu Käerjeng an Ëmgéigend. Ufank ass um 15:00 Auer. Ticket am Viirverkaf bei alle Geschäfter déi matmaachen oder e Sonndeg ab 14:30 Auer an der Kees zum Präis vu 5 Euros (mat Gratistombola). Den Erléis vun den Entréesticket ass fir e soziale Projet bestëmmt. Kaffi a Kuch. Schéin Tombola.

Folgend Geschäfter maache mat beim Defilee :
Boutique Onix Bascharage, Bei Schneidesch Bascharage, Lingerie Wolf Pétange, VIP Shoes Pétange, Kidis Steinfort an BGP COMPANY Lëtzebuerg-Hollerich.

Besonneschen Highlight ass d'Final mat Brautkleeder presentéiert vun der Miss Luxembourg an hirer 2. Éierendamm.

D'Dekoratioun ass vu Fleur'Or Bascharage. D'Mannequin gi coifféiert vu Carole Line Coiffure a maquilléiert vu Beauté Esthétique Marie-France Meyrer Bascharage.

Folgend Geschäfter stellen hir Artikelen aus :
Brellen Galerie Kéinzig, Présludes-Bois by Luc Guillaume, Les p'tits bonheurs Rodange