Porte Ouverte fir Kanner beim Handball Käerjeng

Den Handball Käerjeng invitéiert op sengem Porte Ouverte 1. Schrëtt op engem Handball's Terrain.
Samschdes 18. Mee 2013 vun 09:45 bis 12:00 Auer am Käerjenger Dribbel fir Jongen a Meedercher ab 6 Joer
Um Programm : spilleresch Handball léieren, Erklärung vun de Regelen, 7-Meter Concours
Wat mussen d'Kanner matbréngen : Turnschlappen, eng Turnbox, en T-Shirt
D'Kanner ginn encadréiert vun eisen Traineren a Spiller aus eisen Jugend- a Seniorsequiipen.

Fir d'Elteren organiséiere mär eng Kaffisstuff mat Kaffi a Kuch (Taart) an der Buvette, fir dat Waarde nëtt esou laang gëtt.
Kontakt per email op jugend@hbcb.lu

A nëtt vergiessen : Handball ass cool